Baden-Württemberg Messerattack an enger Moschee zu Backnang – Täter nach ëmmer op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
An enger Moschee zu Backnang am Baden-Württemberg gouf e Freideg géint 13.15 Auer e 24 Joer ale Mann mat engem Messer ugegraff.
© BERND WEISSBROD/dpa Picture-Alliance via AFP

Den Täter ass nom Ugrëff geflücht an eng éischt Sich vun der Police war ouni Resultat.

No Informatioune vun der Police gouf d’Affer bei der Attack um Uewerschenkel verletzt. Hie gouf mat enger Ambulanz an eng Klinik bruecht. Iwwer säin Zoustand gouf am Ufank näischt matgedeelt. Den Hannergrond vun der Dot ass nach net kloer.

Well den Ugrëff an enger Moschee geschitt ass, huet de Staatsschutz d’Ermëttlungen iwwerholl. Backnang läit am Rems-Murr-Kreis nordëstlech vun Stuttgart.

De gesichte Mann soll ongeféier 1,75 Meter grouss sinn a gekrauselt Hoer hunn. Zur Zäit vun der Dot soll hien eng schwaarz-wäiss Jackett an en donkele Joggingskostüm ugehat hunn.

Back to Top
CIM LOGO