MarseilleMat Messer arméierte Mann vu Police erschoss ginn

RTL mat AFP
De 25 Joer ale Mann ass bei enger Verkéierskontroll mat engem Messer arméiert aus sengem Gefier geklommen.
Déi franséisch Police am Asaz
Déi franséisch Police am Asaz
© THIBAUD MORITZ/AFP

Wärend enger Verkéierskontroll am Oste vu Marseille ass e Mann, dee mat engem Messer arméiert war, vun dräi Polizisten erschoss ginn. Éischten Informatiounen no hätt de 25 Joer ale Mann géint 17:30 Auer versicht, wärend enger Kontroll d'Poliziste mat sengem Messer z'aggresséieren, sou de Parquet vu Marseille.

An engem Communiqué vun der Stad Marseille heescht et, de Mann wier aus sengem Gefier erausgeklommen an hätt sech séier mat enger sougenannter Arme blanche op d'Beamten zoubeweegt. Hinne wier näischt aneres iwwreg bliwwen, wéi vun hire Waffe Gebrauch ze maachen. D'Affer wier dräimol getraff ginn a kuerz no 18:00 Auer gestuerwen.

Weider heescht et, dass déi 52, 38 an 22 Joer al Polizisten extrem schockéiert wieren an am Hôpital de la Timone psychologesch géife betreit ginn. Wat d'Hannergrënn vum Tëschefall sinn, soll an enger Enquête ermëttelt ginn, déi opgemaach ginn ass, sou de Buergermeeschter vu Marseille Benoît Payan.

Back to Top
CIM LOGO