An der UkrainMassiv russesch Rakéiten- an Dronenugrëff - op d'mannst sechs Doudesaffer

AFP, iwwersat vun RTL
Russland huet d'Ukrain an der Nuecht op e Samschdeg enger massiver Ugrëffswell ausgesat.
Russland hat die Ukraine in der Nacht zum Samstag mit einer massiven Angriffswelle überzogen, nach offiziellen ukrainischen Angaben wurden dabei mindestens sechs Menschen getötet. In der gesamten Ukraine wurde Luftalarm ausgelöst.
Russland huet d’Ukrain an der Nuecht op e Samschdeg op en Neits massiv ugegraff.
© AFP

Offiziellen Informatiounen aus der Ukrain no koumen dobäi op d’mannst sechs Leit ëm d’Liewen. Den Autoritéiten no koumen eleng an der ostukrainescher Groussstad Charkiw fënnef Mënschen ëm, deenen hir Läichen an den Iwwerreschter vun engem Wunnblock fonnt goufen. Eng weider Persoun koum deemno an der Regioun Dnipropetrowsk ëm. An der ganzer Ukrain gouf de Loftalarm ausgeléist.

Eleng d’Regioun Dnipropetrowsk gouf dem Gouverneur Oleksandr Ganscha no an der Nuecht ronn 20 Mol mat Dronen, Artillerie a Rakéiten attackéiert. Bei den déidlechen Attacken op ee Wunnblock zu Charkiw goufen dem Buergermeeschter Ihor Terechow no zéng weider Mënsche blesséiert, dorënner zwee Jongen am Alter vu sechs an eelef Joer an eng 17 Joer al Teenagerin. An der südukrainescher Regioun Saporischschja gouf ee klengt Kand bei engem russeschen Dronenugrëff blesséiert.

Déi polnesch Loftofwier huet iwwerdeems eng Rei Kampffligere fir de Schutz vum Loftraum an de Regioune starte gelooss, déi un d’Ukrain grenzen. Déi polnesch Loftofwier mécht dat reegelméisseg bei massiven Ugrëff duerch Russland.

Back to Top
CIM LOGO