UNOManner Migranten erreechen Europa - et stierwen der méi beim Versuch

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi d'UNO matdeelt, sinn dëst Joer manner Migranten iwwer d'Mier geflücht. Et sinn der allerdéngs méi beim Versuch gestuerwen.
In diesem Jahr haben nach UN-Angaben weniger Flüchtlinge und Migranten die Bootsüberfahrt nach Europa versucht, auf dem gefährlichen Seeweg sind aber mehr Menschen ums Leben gekommen.
Dëst Joer sinn ewell 2.292 Persoune bei der Flucht iwwert d'Mier ëmkomm.
© AFP/Archiv

D'International Organisatioun fir Migratioun (IOM) huet en Donneschdeg matgedeelt, dass bis Mëtt September dëst Joer ronn 60.000 Migrante versicht hunn, per Boot an Europa ze kommen. Dat entsprécht engem Réckgang vun 39 Prozent am Verglach mam leschte Joer. Allerdéngs géife méi Mënsche beim Versuch stierwen. 2.292 Persoune wiere bis ewell dëst Joer ëmkomm, lescht Joer waren et der 1.999.

"Bal all Doudesfall an all Verschwannen um Mier ass vermeidbar", sou d'IOM-Generaldirectrice Amy Pope. D'Zuele géinge weisen, dass awer nach ëmmer ze vill Mënschen déi méi geféierlech Flucht iwwert d'Mier wielen.

Dee stäerkste Réckgang gouf et um Wee iwwert d'Mëttelmier a Richtung Italien. Deemno war bis Mëtt September 21.393 Persounen eng Flucht an Italien gelongen, d'Joer virdru waren et nach duebel esou vill. Gläichzäiteg ass d'Zuel vun den Doudesaffer vun 844 op 996 eropgaangen. De Fluchtwee iwwert d'Mëttelmier oder de Atlantik fir a Spuenien wier deen déidlechsten.

Back to Top
CIM LOGO