
Bei Siegburg hat géint 21 Auer e maskéierte Mann ugefaangen, ze randaléieren. Hien huet gejaut, Menacë géigeniwwer anere Passagéier geäussert a vun engem Attentat geschwat.
Dono huet hie kleng pyrotechnesch Géigestänn duerch d’Kabinne geheit. Rieds geet vun enger Zort Knupperten, oder Soft-Air-Granaten, also Wicken, déi mat klenge Plastiks-Kugelen duerchsat waren. Duerch d’Explosioune goufen eng Dose Passagéier liicht blesséiert.
Déi däitsch Police ass doropshi mat schwéier-arméierte Beamten op d’Plaz komm a konnt de jonke Mann vun 20 Joer, deen och e laangt Messer derbäi hat, festhuelen. Eng 180 weider Passagéier goufen evakuéiert. Wéi et vun der Police heescht, war et anere Passagéier gelongen, de Mann op der Zuchtoilette anzespären.
Eng Enquête ass amgaangen, weider Detailer huet d’Bundespolizei nach net matgedeelt