
E besonnesch tragesche Virfall gouf et e Méindeg de Moien zu Hamburg. E Mann ass do vun enger Metro iwwerrannt ginn, déi an d'Gare eragefuer koum. De Mann war weder gefall oder gestouss, ma hie wollt e Kolleeg retten.
Béid Männer stoungen zesumme mat e puer anere Kolleegen um Quai vun der Gare am Quartier Farmsen-Berne, wéi d'Hamburger Police matgedeelt huet. En 38 Joer ale Mann wier éischten Informatiounen no op d'Schinne gespronge kuerz ier d'Metro gefuer koum. D'Affer, ee Mann vu 36 Joer, wollt hie festhalen, ass gefall a gouf iwwerrannt. Hie gouf schwéier verwonnt an ass nach op der Plaz gestuerwen.
Säi Kolleeg konnt sech dogéint op déi aner Säit retten an ass zesumme mat senge Bekannte geflücht. D'Police konnt hie spéider a Begleedung vu senge Frënn vu 24 a 35 Joer ergräifen. Géint hie gëtt elo wéinst geféierlechem Agräifen an de Bunnverkéier ermëttelt.
D'Police schléisst net aus, dass déi Bedeelegt zum Zäitpunkt vum Accident ënnert dem Afloss vun Alkohol oder Droge stoungen.