An der Mëttesstonn (Lokalzäit) huet e Mann um Site ugefaangen, ëm sech ze schéissen an dobäi eng kanadesch Touristin déidlech verwonnt. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, wiere sechs weider Persounen duerch d’Schëss blesséiert ginn - dorënner e Kand - a siwe Leit hätte sech bei der Flucht verletzt. Den Täter huet sech no der Dot d’Liewe geholl.
Enger éischter Enquête no soll et sech ëm eng geziilten Attack gehandelt hunn. Op Videoen an de soziale Reseauen ass ze gesinn, wéi den Täter op der sougenannter Moundpyramid ronderëm sech schéisst, wärend sech aner Touriste weider ënnen a Sécherheet bréngen. Biller vun der AFP weisen, wéi Secouristen nom Virfall eng an e wäisst Duch gewéckelt Läich d’Trape vun der Pyramid erofdroen.
Um Site huet d’Police nieft enger Schosswaff och nach e Messer a Munitioun fonnt.
“Wat haut zu Teotihuacán geschitt ass, deet eis zudéifst wéi”, esou déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum op der Onlineplattform X, déi de Betraffenen hir Solidaritéit ausgedréckt huet. Et wier een iwwerdeems och a Kontakt mat der kanadescher Ambassad.
D’Ruine vun Teotihuacán, zu deenen ënner anerem d’Mound- a Sonnepyramide gehéieren, stamen nach aus der virkolonialer Zäit a gehéieren zu de beléiftsten Touristenattraktiounen a Mexiko. Zejoert gouf de Site vun iwwer 1,8 Millioune Visiteure besicht. Se sinn Deel vum UNESCO-Weltkulturierwen.
Wärend Mexiko dacks mat Gewaltdoten an Zesummenhang mat der Drogekriminalitéit ze kämpfen huet, si willkürlech Schéissereien éischter seelen, besonnesch am Verglach mam nërdlechen Noper USA. D’Dot vun e Méindeg ass manner wéi zwee Méint virun der Futtballweltmeeschterschaft 2026 geschitt, déi Mexiko jo zesumme mat den USA a Kanada organiséiert.