
En Donneschdeg de Moie koum et op der Gare vu Winterthur, net wäit vun Zürech fort, zu enger Messerattack. De verdächtege Mann huet dräi Leit blesséiert, ier hie vun der Police gestallt gouf.
"Kuerz no 8:30 Auer huet ee Mann dräi Mënschen op der Gare vu Winterthur mat enger Messer-aarteger Waff blesséiert. De Verdächtege gouf vun der Police festgeholl", esou d'Beamten an enger Matdeelung. De Verdächtege wier een 31 Joer ale Schwäizer, deen och déi tierkesch Nationalitéit huet an der Police bekannt gewiescht wier. 2015 war him virgeworf ginn, géint d'US-Verbuet verstouss ze hunn.
Zu méigleche Motiver leeft eng Enquête. D'Autoritéiten hunn den Ugrëff am Laf vum Dag als Akt mat terroristeschem Motiv deklaréiert. Lokale Medieberichter no soll de presuméierten Täter virun der Attack "Allahu Akbar" ("Gott ass de Gréissten") geruff hunn.
Vun den dräi Blesséierten, déi all an e Spidol komm waren, sinn der zwee scho rëm entlooss ginn.