US-Medie mellenManktem u Patriot-Rakéite kéint US-Attacken op den Iran ausbremsen

RTL mat AFP
E méigleche Manktem u Patriot-Rakéiten kéint d'USA dozou beweegt hunn, hir Loftattacken op den Iran virleefeg "op Äis" ze leeën, sou US-Medien.
Patriot-Rakéiten, montéiert un engem Camion vun der israeelescher Arméi.
Patriot-Rakéiten, montéiert un engem Camion vun der israeelescher Arméi.
© RICCARDO NICCOLI/StockTrek Images via AFP

Nodeems d'USA bal zwou Wochen all Nuecht Ziler am Iran ugegraff hunn, ass et e Sonndeg zu enger neier Paus komm. Dës Entwécklung kënnt zu engem Moment, wou Berichter aus den USA undeiten, datt de Stock u sougenannte Patriot-Rakéiten an aneren defensive Waffe méiglecherweis ëmmer méi kleng gëtt – a genee dat kéint eng weider Eskalatioun aktuell verhënneren.

D'Onsécherheet huet sou nei Hoffnung op diplomatesch Léisunge bruet. No den Attacken op d'Strooss vun Hormus, déi d'Relatiounen tëscht Washington an Teheran staark belaascht hunn, gouf et ëmmer nees Ugrëffer op US-Stëtzpunkten, Schëffer an Alliéierten an der Golfregioun.

Elo schéngt et, wéi wann op béide Säiten nees méi Bereetschaft do wier, fir ze negociéieren.

Attacken "op Äis geluecht"

Obwuel den US-President Donald Trump nach e Freideg mat nach méi staarke Loftschléi gedreet hat, hu Quellen aus dem Pentagon der amerikanescher Press gemellt, datt d'Operatioune géint den Iran de Moment "op Äis geluecht" wieren. Der New York Times no si Pläng fir eng Eskalatioun och wéinst dem Munitiounsmanktem provisoresch zréckgestallt ginn.

D'US-Regierung steet deemno ënner Drock: Eng weider Eskalatioun kéint zu enger Verbreedung vum Konflikt am ganzen Noen Oste féieren an d'Bezéiunge mat wichtegen Alliéierten an der Golfregioun belaaschten. Zousätzlech besteet d'Gefor vu weideren Impakter op d'Weltwirtschaft, esou d'Zeitung.

Souwuel den US-Vizepresident JD Vance wéi och de Generol Dan Caine solle bei enger Versammlung am Wäissen Haus Suergen iwwer eng Eskalatioun geäussert hunn. De Caine hätt zwar confirméiert, datt d'Arméi déi geplangte Schrëtt technesch kéint ëmsetzen, mä hien hätt awer och virun den Auswierkunge gewarnt.

Wéi Axios bericht, hat de Pentagon dem Trump nach eng weider Ronn Loftattacke virgeschloen, mee hien hätt sech dogéint decidéiert an op Gespréicher gesat.

Nach ass keng Decisioun gefall, ob déi militäresch Operatioune mat voller Kraaft virugefouert ginn. Den Trump huet dem Iran iwwerdeems eng kloer Wiel gestallt: Entweder eng diplomatesch Léisung oder nach vill méi intensiv Loftschléi.

D'Kris, déi de President ursprénglech als kuerzfristeg ugekënnegt hat, schleeft sech mëttlerweil a säi fënnefte Mount – an dës Situatioun dréckt och op d'Beléiftheet vum Trump virun de wichtege Walen am Kongress am November.

Konflikt breet sech weider aus

Déi vum Iran ënnerstëtzten Huthi-Rebellen am Jemen hu gemellt, si hätten e Samschdeg Ariichtunge vum saudi-arabesche Konzern Aramco an de Stied Dschisan a Yanbu ugegraff, dat nodeems Saudi-Arabien Ziler vun den Huthie bombardéiert hat.

D'Revolutiounsgard vum Iran huet iwwerdeems véier Schëffer gestoppt, déi versicht hunn, duerch d'Strooss vun Hormus ze fueren.

Den iranesch Ausseminister Abbas Araghtschi huet betount, den Iran kéint net fir d'Eskalatioun zur Verantwortung gezu ginn. Weider huet hien ugebueden, datt den Iran als Vermëttler tëscht den Huthien an der saudi-arabescher Regierung kéint agéieren.

"Et gëtt keng militäresch Léisung", sou den Ausseminister.

Back to Top
CIM LOGO