Trotz WafferouLibanesesch Staatsmedie mellen een Doudege bei israeelescher Attack

AFP, iwwersat vun RTL
isbollah hat hirersäits en Dënschdeg matgedeelt, Rakéiten op Ziler am Norde vun Israel geschoss ze hunn.
Archivbiller vun enger israeelescher Attack op de Libanon.
Archivbiller vun enger israeelescher Attack op de Libanon.
© JALAA MAREY/AFP

Bei enger israeelescher Attack op déi libanesesch Regioun Bekaa ass de libanesesche Staatsmedien no e Mëttwoch eng Persoun gestuerwen an zwou weiderer goufe blesséiert. Dëst trotz der Wafferou, déi aktuell tëscht Israel an der radikalislamistescher Hisbollah gëllt. Deemno wier et an den Aussebezierker vun der Stad Al-Jabur zu enger israeelescher Dronenattack komm.

D’Hisbollah hat hirersäits en Dënschdeg matgedeelt, Rakéiten op Ziler am Norde vun Israel geschoss ze hunn. Dëst wier eng Reaktioun op israeelesch Verstéiss géint Wafferou, notamment Attacken op Zivilisten, esou d’Hisbollah.

Back to Top
CIM LOGO