Schonn e Freideg geschittLëtzebuerger fält u Klotermauer zu Audun-le-Tiche a stéisst sech de Kapp

RTL Lëtzebuerg
Wéi et heescht, koum de 64 Joer ale Mann schwéier blesséiert an d'Spidol.
© Hans Lucas via AFP Archives / Photo d’illustration

Op engem beléifte Klamm-Site zu Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche) ass e Lëtzebuerger e Freideg den 3. Abrëll schwéier blesséiert ginn.

De 64 Joer ale Mann war geséchert an hat och e Kask un, ma well sech e Steen vun der Mauer geléist huet, ass hien ee Meter an d’Déift gefall, ier hien du vum Klammseel geséchert gouf. Dobäi ass hien awer mam Kapp widder d’Mauer gerannt a soll relativ séier an d’Gette gaange sinn. Dat schreift de Republicain Lorrain.

De Lëtzebuerger ass doropshin mam Rettungshelikopter op Nanzeg an d’Spidol komm.

De Kloter-Site Carrière zu Däitsch-Oth ass d’ganzt Joer iwwer geséchert an ënnerhalen. E bitt 175 Bunne fir ze klammen.

Back to Top
CIM LOGO