Kämpf am MaliLandeswäit Attacke vun Dschihadisten a Rebellen, Verdeedegungsminister a Famill ëmkomm

AFP, iwwersat vun RTL
Am Mali hunn Dschihadisten an Tuareg-Rebellen de Weekend landeswäit Attacken op d'Militär lancéiert.
TOPSHOT - A column of black smoke rises above buildings as traffic passes the Africa Tower monument in Bamako on April 26, 2026.
Damp iwwer der malescher Haaptstad Bamako de 26. Abrëll 2026.
© AFP

Bei enger Attack an der Géigend vun der Haaptstad Bamako koum de Verdeedegungsminister Sadio Camara ëm d'Liewen, wéi et vu senger Famill heescht. Den Tuareg-Rebellegrupp FLA huet e Samschdeg erkläert, datt een d'Stad Kidal am Norde vum Land ageholl hätt. An och e Sonndeg ginn d'Kämpf weider.

De Grupp fir d'Ënnerstëtzung vum Islam an de Moslemen (JNIM), dee mam Terrornetzwierk Al-Kaida alliéiert ass, huet matgedeelt, datt een d'Ugrëff mat der FLA zesumme koordinéiere géing. "Zesumme féiere mir eng richteg Transformatioun duerch, am Déngscht vun der Relioun, dem Land an dem Vollek", heescht et vun JNIM. Aus Bamako a sëllege weidere Stied vum westafrikanesche Staat goufen hefteg Kämpf tëscht der Arméi an den Ugräifer gemellt.

Verdeedegungsminister bei Autobomm ëmkomm

De Verdeedegungsminister Camara, seng zweet Fra an zwee vu sengen Enkelkanner sinn iwwerdeem duerch eng Explosioun vun enger Autobomm a senger Residenz zu Kati ëm d'Liewe komm, wéi d'Noriichtenagence AFP vu senger Famill an aus Regierungskreesser confirméiert krut. Kati, e Viruert vu Bamako, gëllt als Héichpunkt vun der Militärjunta, déi un der Muecht ass.

E Samschdeg huet d'JNIM erkläert, datt hir Kämpfer zu Kati d'Wunnhaiser vum Junta-Chef Assimi Goita an dem Verdeedegungsminister ugegraff hätten. Och den internationale Fluchhafe vu Bamako a weider Ziler wieren attackéiert ginn. Awunner vu Kati hu vun heftegen Explosiounen an der Residenz vum Camara geschwat.

Weider Kämpf um Sonndeg

Och e Sonndeg goufe weider Kämpf an enger Rei Stied vum Land gemellt. Nieft Kati waren deemno Gao, Sévaré a Kidal am meeschte betraff. Een Awunner zu Kati sot, datt d'Kämpf "iwwerall" nees opgeholl gi wieren an d'Dschihadisten "um Hiwwel" iwwer dem Uert wieren. Een aneren Awunner huet vu Fligeren iwwer der Stad geschwat.

Déi malesch Truppen haten e Samschdeg matgedeelt, "terroristesch Gruppen" hätten um fréie Moie Kasären an aner Plazen zu Bamako an an aneren Deeler vum Land ugegraff. D'Situatioun wier "ënner Kontroll" an "e puer Terroristen neutraliséiert" ginn. 16 Zivilisten an Zaldote wiere blesséiert ginn an et géing "begrenzte Materialschued".

Den Tuareg-Rebellegrupp FLA huet allerdéngs matgedeelt, datt een d'Stad Kidal ageholl hätt. E Sonndeg huet de Grupp dunn eng "Eenegung" mat russeschen Truppe bekannt gemaach, déi déi malesch Junta ënnerstëtzen. Den Accord géing virgesinn, datt déi malesch Arméi an hir russesch Alliéiert vum Afrikacorps e Lager verloosse kéinten, "an deem si sech zanter gëschter verschanzt haten", esou e Spriecher vun der FLA der AFP géigeniwwer.

Den Afrikacorps, deen direkt zum russesche Verdeedegungsministère gehéiert, hat d'Aufgab vum Söldnertrupp, dee fréier als Wagner Grupp bekannt war, iwwerholl an ënnerstëtzt déi malesch Truppen am Kampf géint Dschihadisten. De Mali, souwéi och seng Nopeschstaaten Niger a Burkina Faso, huet d'Relatiounen zu der fréierer Kolonialmuecht Frankräich ofgebrach a sech mat Russland alliéiert.

De russeschen Ausseministère huet matgedeelt, datt eng 250 Kämpfer de Fluchhafe vu Bamako an e Militärstëtzpunkt an der Géigend ugegraff hätten. D'Attack wier awer ofgewiert ginn. "Déi russesch Säit huet hir déif Besuergnes wéinst den aktuellen Evenementer geäussert", schreift de Ministère op Telegram.

Back to Top
CIM LOGO