Zanter Dezember 2025 verschwonnenLäich vu vermësstem Mann zu Mont-Saint-Martin fonnt
Zu Mont-Saint-Martin goufen net wäit vun engem Supermarché ewech déi stierflech Iwwerreschter vun engem Mann fonnt, deen zanter Dezember zejoert vermësst gouf.
D’Plaz zu Mont-Saint-Martin, wou déi stierflech Iwwerreschter vun engem 70 Joer ale Mann am Februar 2026 fonnt goufen, nodeems hien zanter Dezember 2025 vermësst gi war. © Domingos Oliveira

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zu Mont-Saint-Martin a Frankräich, kuerz hannert der Grenz mat Rodange, ass e Méindeg am Nomëtteg op Héicht vun engem grousse Supermarché d’Läich vun engem Mann fonnt ginn. Dat kruten d’Kolleege vum L’Essentiel vum zoustännege Procureur confirméiert, nodeems scho Fotoen op soziale Medien d’Ronn gemaach haten.
Deemno wier et e 70 Joer ale Mann mat portugisescher Nationalitéit, deen an engem soziale Foyer zu Mont-Saint-Martin gewunnt huet an zanter Dezember d’lescht Joer vermësst gouf.
Eng Enquête soll d’Ëmstänn vum Doud elo klären.