
Zu Talange hei vir a Frankräich ass en Donneschdeg de Moien eng Läich an engem klengen Niewefloss vun der Musel fonnt ginn. Wéi franséisch Medie mellen, sollten u sech zwee Autoen, déi am Floss louchen, erausgeholl ginn. Ma wéi d'Taucher en Donneschdeg confirméiere sollten, wou d'Gefierer genee sinn, hu si festgestallt, dass an engem vun de Ween eng Läich louch. Doropshi sinn dunn d'Taucher vun der Police an den Asaz komm, ier d'Läich schliisslech erausgeholl gouf. Eréischt duerno ass och dat Gefier gebuerge ginn, dat elo nach weider wäert ënnersicht ginn. Eng Obduktioun soll iwwerdeems d'Doudesursaach a virun allem d'Identitéit vum Affer klären.