
D'Situatioun am Noen Osten bleift weider ugespaant: Kuwait an Bahrain geheien der iranescher Regierung vir, d'Souveränitéit vun hire Länner ze verletzen. Ëmmer nees géif et zu Ugrëff op hiert Staatsgebitt kommen.
De Regionalkommando vun der amerikanescher Regierung huet eegenen Aussoen no iranesch Dronen an der Regioun ronderëm d'Hormus-Strooss missten interceptéieren, am Géigenzuch goufen iranesch Radar-Stellungen ugegraff.
U sech gëllt jo tëscht den zwou Krichsparteien eng Wafferou, zanter de leschte zwou Wochen kënnt et awer nees méi dacks zu géigesäitegen Attacken. Den iranesche Regimm verurteelt déi, wéi hie seet, flagrant Violatioune vun der Wafferou säitens den USA schaarf.