
Den UNO-Generalsekretär Guterres huet d'Ukrain a Russland opgefuerdert opzehalen, bewunnt Gebidder unzegräifen. Rezent géif een e Muster erkennen, dass ëmmer méi bewosst, Zivilisten ugegraff ginn. Dat wier e klore Verstouss géint dat humanitäert Vëlkerrecht a misst direkt ophalen, sou dem Guterres säin Appell a Richtung Kiew a Moskau.
Effektiv gouf et an der Lescht ëmmer méi béidsäiteg Attacken op zivil Infrastruktur. Eréischt dës Woch sinn op d'mannst 17 Zivilsten an der Regioun Kiew duerch e grousse russesche Bombardement ëmkomm. De Guterres huet dann dës wéi och aner russesch Attacken op aner ukrainesch Stied verurteelt. Ma och d'Ugrëffer vun der Ukrain op russesch bewunnt Gebidder, bei deenen et och Doudesaffer an der Zivilpopulatioun gouf, huet den UN-Generalsekretär kritiséiert.
Der UNO no ass d'Zuel vun den Zivilisten, déi an dësem arméierte Konflikt ëm d'Liewe komm sinn, am aktuelle Joer geklommen. De Krich hat jo am Februar 2022 mat enger grouss ugeluechter Offensiv vu Russland ugefaangen. Indicen, datt sech béid Krichsparteie fir Friddensgespréicher un en Dësch sëtzen, gëtt et aktuell keng.