Krich am Noen OstenKeng Infoen iwwer méiglech Verhandlungen tëscht USA an Iran, Hisbollah an Israel beschéisse sech weider

RTL Lëtzebuerg
Wärend op der enger Säit d'Verhandlunge fir e Friddensofkommes net wierklech un d'Rulle kommen, gëtt op der anerer Säit eng Wafferou ëmmer nees gebrach.

Offiziell gëllt zwar eng Wafferou, mä am Libanon gi weiderhi Kampfhandlungen gemellt. De ganze Weekend iwwer goufen et Doudeger a Blesséierter, souwuel op Säite vum israeelesche Militär, wéi och op Säite vun der Hisbollah.

Virun allem aus dem Süde vum Libanon, dee jo deels vun Israel besat ass, ginn deels schwéier Affrontementer gemellt. Déi israeelesch Arméi huet e Sonndeg den Owend och weider Warnungen erausginn, dass verdriwwen Awunner bis op Weideres net nees zeréck an hir Wunnenge sollte kommen. Esou Warnunge loossen an der Reegel op groussflächeg Loftattacke schléissen.

Am Iran-Krich gëtt et iwwerdeems nach ëmmer näischt Neits iwwert méiglech nei Verhandlungen tëscht dem Iran an den USA. Iwwert de Weekend sinn déi jo ausbliwwen. Den iraneschen Ausseminister Araghtschi war e Sonndeg zwar am Pakistan, mä reest e Méindeg weider op Moskau. De Kreml huet confirméiert, dass hien de President Putin gesäit, fir Gespréicher iwwert en Enn vum Krich

Back to Top
CIM LOGO