
D'Gespréicher tëscht den USA an dem Iran iwwer en definitive Friddensaccord, déi fir e Freideg zu Bern geplangt waren, goufe "bis op Weideres" verluecht, heescht et vun der Schwäizer Regierung. Et wier een awer weiderhi bereet, d'Gespréicher ze moderéieren an d'Virbereedungsaarbechte géinge weidergeféiert ginn, sou de Schwäizer Ausseministère géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. Detailer doriwwer, wéini d'Gespréicher dann elo solle sinn, ginn et um Freidegmoien nach net.
Eigentlech sollten Delegatioune vun den USA, dem Iran a vu Pakistan e Freideg am Luxusresort Bürgenstock fir den Optakt vun den Negociatiounen iwwer en definitive Friddensaccord tëscht den USA an dem Iran zesummekommen. Béid Säiten hu jo schonn en Accord de principe ënnerschriwwen, an deem festgehalen ass, dass bannent 60 Deeg en definitiivt Ofkommes iwwer e Fridde soll stoen.
E Spriecher vum Wäissen Haus huet um spéiden Donneschdegowend wësse gedoen, dass den US-Vizepresident JD Vance seng fir en Donneschdeg geplangte Rees an d'Schwäiz verréckelt huet, ouni en neien Datum fir en neit Deplacement ze nennen. D'logistesch Preparatioune vun de Verhandlunge mam Iran wieren nach ni einfach gewiescht, huet et weider vu Washington geheescht. Et géif ee sech awer drop freeën, esou séier ewéi méiglech mat den technesche Gespréicher unzefänken.