
Am Handelssträit mat den USA wäert déi kanadesch Regierung en Dënschdeg zu Ottawa hir Géigemesuren als Reaktioun op déi nei US-Douanestaxe presentéieren.
De leschte Weekend waren d'Verhandlungen tëscht den USA a Kanada geplatzt. Doropshin hat d'US-Regierung nei Stroftaxen an Héicht vu 50 Prozent op enger ganzer Rei importéiert Produiten aus Kanada decidéiert.
De kanadesche Premier Mark Carney huet mat Géigentaxe gedreet, déi den 8. September sollen a Kraaft trieden.