Nodeems e Freideg Owend an den USA dausenden Akten vum Jeffrey Epstein verëffentlecht goufen, werfen d’Demokraten dem Justizministère vir, ganz bestëmmt Dateien einfach nees vun hirer Internetsäit geläscht ze hunn. Nodeems d’Dokumenter op der Websäit vum Ministère eropgelueden goufen, wier net manner wéi 24 Stonnen duerno eng Datei verschwonnen, sou de Reproche am Ufank. Am Laf vum Dag koum eraus, datt esouguer 16 Dateien, déi e Freideg nach zougänglech waren, elo net méi ze fanne sinn. An där als éischt genannten Datei wieren eng Rei Fotoe gewiescht. Eng dovun hätt den Trump a Begleedung vum verstuerwenen Jeffrey Epstein gewisen.
Vill Kritik gëtt et dann och, well villes vun deem, wat an den Akte steet, geschwäerzt gouf. D’Demokrate reprochéieren der Trump-Regierung, datt dem President seng Vergaangenheet soll vertuscht ginn.
De Milliardär a Finanzberoder Epstein huet jorelaang e Mëssbrauch-Reseau bedriwwen an huet selwer och mannerjäreg Meedercher a Frae mëssbraucht, iert hie se dann un aner prominent Männer weider gereecht huet. De Skandal ronderëm hien zitt zanter Joren weit Kreesser a vill bekannt Perséinlechkeeten wéi de Michael Jackson, de Bill Gates a virop de Bill Clinton dauchen op Fotoen mat him op.
Och den aktuelle President Donald Trump war een enke Bekannte vum Epstein. Bis ewell konnt awer kee Feelverhale vum Trump an deem Dossier nogewisen ginn. Den Jeffrey Epstein war 2019 dout a senger Prisongszell fonnt ginn. Iwwert déi genee Ëmstänn vu sengem Doud, déi offiziell Erklärung ass Selbstmord, gëtt zënterhier deels kontrovers diskutéiert.