
Zu Kiew koum et op en Neits zu enger Dronenattack op eng Bréck, dat wärend der relativ iwwerraschender Visitt vum Bundeskanzler Merz an der ukrainescher Haaptstad. Moskau hat e puer Stonne virdru gewarnt, Leit aus dem Ausland an Diplomaten sollten d'Stad verloossen.
De Friedrich Merz ass e Sonndeg de Moie fréi zesumme mat der Wirtschaftsministesch Katherina Reiche an enger Delegatioun vun Entreprisen aus de Beräicher Rëschtung an Energie an der ukrainescher Haaptstad ukomm. Geplangt ass och eng Entrevue mam ukrainesche President Selenskyj.
De Bundeskanzler huet schonn am Virfeld weider Hëllefe fir d'Ukrain ugekënnegt.
Däitschland wéilt der ukrainescher Arméi zäitno Dausenden Drone liwweren, fir russesch Dronen ofzewieren, heescht et aus Regierungskreesser. Doriwwer eraus soll d'Waffeproduktioun virugedriwwe ginn an et solle weider finanziell Hëllefe komme fir d'Reparatur an den Neesopbau vun zerstéierte Kraaftwierker.
De Friedrich Merz huet dobäi weider Hëllefe fir d'Ukrain ugekënnegt. D'Ukrain soll zäitno Dausenden Drone geliwwert kréie fir russesch Dronen ofzewieren, heescht et aus Regierungskreesser. Doriwwer eraus soll d'Waffeproduktioun virugedriwwe ginn an et solle weider finanziell Hëllefe kommen, fir d'Reparatur an den Neesopbau vun zerstéierte Kraaftwierker.