Bëschbrand am US-Bundesstaat NevadaIwwer 40.000 Persounen hunn hir Haiser misse verloossen

RTL mat AFP
Net wäit vun der Stad Reno am US-Bundesstaat Nevada ass e Feier ausgebrach, dat sech séier ausbreet.
Bëschbrand am US-Bundesstaat Nevada
Net wäit vun der Stad Reno am US-Bundesstaat Nevada ass e Feier ausgebrach, dat sech séier ausbreet.

Iwwer 40.000 Mënschen hunn hir Haiser misse verloosse wéinst dem Brand, eng weider 45.000 Leit wieren opgeruff ginn, sech op eng méiglech Evakuéierung ze preparéieren, esou déi lokal Autoritéiten.

E Samschdeg war ee Feier ausgebrach, dat sech antëscht op ronn 6.000 Hektar ausgebreet huet. Just nach 8 Kilometer sinn d'Flame vu Reno ewech. An der Regioun liewe méi wéi 280.000 Persounen.

Medieberichter no gouf et bis ewell eng hallef Dose Blesséierter, dorënner och dräi Pompjeeën. Sëllegen Haiser si scho verbrannt. De Gouverneur vun Nevada Joe Lombardo huet fir de Bezierk Washoe, an deem Reno läit, den Noutstand ausgeruff.

Ronn 800 Pompjeeë sinn am Asaz. D'Feier wier vu Mënsche verursaacht ginn, sou d'Asazekippen op der Plaz, genee Detailer goufen an deem Hibléck awer net genannt. D'Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO