
Wéinst engem uerge Bëschbrand an der Géigend vun zwou beléifte Vakanzendestinatiounen am Norde vu Griicheland si méi wéi 250 Touristen iwwert d'Mier a Sécherheet bruecht ginn. D'Vacancieren, vill vun hinne mat Kanner um Aarm an a Schwammkleedung, goufen en Donneschdeg mat 15 klengen Noutfall-Booter an der Regioun Chalkidiki evakuéiert, sou mellt et de Sender ERT. Owes hunn d'Autoritéiten erkläert, datt d'Lag nees ënner Kontroll wier.
Déi griichesch Zivilschutzagence hat d'Leit an de Vakanzendestinatioune Siviri a Fourka per Telefon zur Evakuéierung opgeruff, nodeems sech d'Flamen iwwer d'Hallefinsel Chalkidiki südlech vun der Stad Thessaloniki ausgebreet haten.
Bannent e puer Stonnen nom Ausbroch vum Feier ass de Brand no un d'Haiser ronderëm Siviri a Fourka komm, déi am Summer voller Touriste sinn. Typesch fir d'Regioun sinn d'Kifer-Bëscher, déi liicht brennen. Wéi e Spriecher vun de Pompjeeë gesot huet, wieren d'Flame geféierlech no un d'Plagen erukomm. D'Evakuéierung iwwert d'Mier wier dowéinst den eenzeg méigleche Fluchtwee gewiescht.
Opname vun ERT hunn eng Dose Mënsche gewisen, déi op enger Plattform am Waasser stoungen an op Rettung gewaart hunn, wärend den Damp den Himmel iwwert de Vakanzendestinatiounen verdonkelt huet. Donieft ass et op de Stroossen zu Staue komm, well vill Mënsche probéiert hunn, de Flamen zu Fourka a Siviri iwwer Land ze entkommen.
De ganzen Dag iwwer hu méi wéi 200 Pompjeeën a 57 Gefierer géint d'Flame gekämpft, wéi d'Pompjeeën op der Plattform X matgedeelt hunn. Si goufen dobäi vun néng Läschfligeren a siwen Helikopteren ënnerstëtzt.
A Griicheland gëtt et weiderhin eng grouss Brandgefor. An de leschten Deeg hat e Groussbrand nordwestlech vun Athen méi wéi 11.000 Hektar Kifer-Bësch a landwirtschaftlech Fläche verwüüst. De Pompjeeë war et opgrond vu staarkem Wand réischt no fënnef Deeg gelongen, d'Flamen ënner Kontroll ze bréngen.