
Israel wëllt de Kontakt mat der EU-Aussebeoptraagte Kaja Kallas ofzebriechen, well si d‘Land mam fréiere rassisteschen Apartheid-Regime a Südafrika soll verglach hunn. Den israeelechen Ausseminister Gideon Saar huet der Kaja Kallas op de soziale Reseaue reprochéiert, zwanghaft an offensichtlech onfair géintiwwer Israel z‘agéieren.
Europäesch Medien hate gemellt, d‘Kaja Kallas hätt dës ëmstridden Ausso bei enger Entrevue hanner zouenen Diere mat mexikanesche Regierungsvertrieder gemaach.
Bis ewell hätt si de Reproche weder dementéiert, nach richteg gestallt oder iwwerhaapt drop reagéiert, esou den israeelesche Minister. Dowéinst hätt hie kee Choix a misst all d‘Kontakter zu der Kaja Kallas ofbriechen. D'Politikerin huet de Saar just opgeruff, de Kontakt net ofzebriechen.