
Israel ass prett fir de Krich géint den Iran erëm opzehuelen. Den US-President Donald Trump hat jo en Dënschdeg d'Wafferou tëscht de Konfliktparteien unilateral op onbestëmmten Zäit verlängert. Den Iran soll Virschléi fir en Enn vum Konflikt maachen, an de Waffestëllstand soll esou laang halen, bis Gespréicher an där enger oder anerer Form ofgeschloss sinn, sou den Trump. Hie wier dobäi awer net presséiert, wéi hien op de Soziale Medie wëssen deet:
Den israeeleschen Ausseminister huet iwwerdeems en Donneschdeg martialesch Annoncë gemaach. Säi Land wier op defensivem an offensivem Plang bereet an d'Ziler am Iran wieren ausgewielt, sou den Israel Katz. Si wiere prett, de Krich géint den Iran erëm opzehuelen a soubal de Feu-vert vu Washington do wier, géinge si net nëmmen alles maachen, fir d'Dynastie Chamenei z'eliminéieren, mee och fir d'Nopeschland zréck an d'Steenzäit ze bommen, andeems se all wichteg Energieinstallatiounen an déi ekonomesch Infrakstrukturen zerstéiere géifen. Hir Ugrëffer géifen anescht, méi mobil an nach méi zerstéieresch ginn op de sensibelste Punkten, sou de Katz an engem Video-Message.
Den ieweschten iranesche Leader wier Enn Februar bei enger US-israeelescher Attack schwéier blesséiert ginn, wier awer kloer a present am Kapp. Fir den Ament hätt hien d'Gewalt iwwer d'Entscheedungen an d'Hänn vun de Generäl vun de Revolutiounsgardë geluecht. Dat mellt d'New York Times, ënner Beruffung op iranesch Regierungsvertrieder.
De Chamenei wier deemno schwéier un engem Been blesséiert a schonn dräimol operéiert ginn. Laut den Informante vun den Times géing hien op eng Prothees waarden. Un enger Hand wier och eng Operatioun néideg gewiescht. Donieft hätt de Chamenei Problemer ze schwätzen, well hie beim Ugrëff schwéier a sengem Gesiicht an u senge Lëpse verbrannt gi wier. Laangfristeg wiere plastesch Operatiounen néideg, heescht et weider.
Den Zougang zum ieweschte Leader ass aus Sécherheetsgrënn extrem limitéiert. Hie géif verstoppt liewen a just iwwer handgeschriwwe Messagë kommunizéieren. Souguer d'Genereel vun de Revolutiounsgarden dierften de Chamenei net besichen. Dogéint soll awer de President Massud Peseschkian, deen ausgebilten Häerzchirurg ass, u senger Behandlung bedeelegt sinn.
Iwwerdeems heescht et um Donneschdeg Owend, dass an der iranescher Haaptstad Explosiounen ze héiere gewiescht wieren. Et soll sech dobäi ëm Kaméidi vun der Loftofwier gehandelt hunn, déi aktivéiert gi wier, nodeems "feindlech Objeten" detektéiert gi wieren, sou déi iranesch Staatsmedien. Et wier dëst déi éischte Kéier gewiescht zanter der Annonce vun der Wafferou den 8. Abrëll. Aus israeelesche Sécherheetskreesser koum kuerz drop de Message, datt si aktuell net den Iran géingen ugräifen.