Krich am Noen OstenIsrael an Hisbollah bekämpfe sech weider - net kloer, ob Iran an USA matenee verhandelen

RTL mat AFP
Aktuell sinn d'Aussoen, ob den Iran an d'USA weider direkt matenee verhandelen, kontradiktoresch.
Israeelesch Attack op de Libanon um Méindeg.
Israeelesch Attack op de Libanon um Méindeg.
© JALAA MAREY/AFP

Den US-President Trump schreift op Truth Social, datt d'Gespréicher géife lafen. Virdrun huet hien awer och an engem Tëleesinterview kritiséiert, den Iran géif sech ze vill Zäit loossen. D'Verhandlungen géifen ufänken, "ganz langweileg" ze ginn.

Vum Iran heescht et dogéint, datt déi direkt Negociatioune mat den USA iwwert eng Wafferou ënnerbrach gi wieren, wéinst de permanenten israeeleschen Attacken op déi pro-iranesch Hisbollah am Libanon. Och do huet den US-President reagéiert an annoncéiert, datt hie mam Benjamin "Bibi" Netanjahu a mat Vertrieder vun der Hisbollah ausgemaach hätt, datt et keng weider Attacke méi ënnertenee géif ginn. Vertrieder vun der libanesescher Regierung hu confirméiert, datt et Gespréicher tëscht den USA an der Hisbollah gouf, an där d'Hisbollah d'Propos vun den USA, de Waffestëllstand anzehalen, akzeptéiert huet.

D'Annonce vum Stopp vun de géigesäitegen Attacken hat den USA-President um fréie Méindeg den Owend eiser Zäit gemaach. Ma wéi d'AFP mellt, gouf et an der Nuecht op en Dënschdeg nees Attacke vun Israel géint d'Hisbollah a vun der pro-iranescher Miliz op Israel. Israel hat nach am Laf vum Méindeg annoncéiert, datt een d'Hisbollah an hirem Haaptzentrum, engem Viruert vu Beirut, wéilt ugräifen. Dëst huet dozou gefouert, datt vill Leit d'Uertschaft am Süde vun der libanesescher Haaptstad verlooss hunn.

Am Laf vum Dënschdeg kënnt dann och den UNO-Sécherheetsrot zesummen, fir iwwert de Konflikt am Libanon ze beroden. D'Demande fir dës Sëtzung koum aus Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO