
Dat gouf um Sonndeg den Owend op der staatlecher Tëlee am Iran annoncéiert.
D’Membere vum Conseil vun den Experten, dee fir d’Successioun zoustänneg ass, hate schonn ugedeit, datt ee sech fir de Fils vum Ali Chamenei decidéiert huet. Hie gëtt als een Äerzkonservative beschriwwen an als eng Persoun, déi den iranesche Revolutiounsgarden no steet. Et gëtt gefaart, datt de 56 Joer alen Hardliner d’Land mat nach méi enger strenger Hand kéint féieren, wéi säi Papp.

Den US-President Donald Trump sot rezent, de Modschtaba Chamenei wier fir hien inakzeptabel. Hie wéilt eng Persoun, déi dem Iran Harmonie a Fridde bréngt. Den israeelesche Verdeedegungsminister hat scho gesot, datt all Successeur vum Ali Chamenei och eng Zilscheif géif ginn.
Eegenen Aussoen no hat déi israeelesch Arméi am Hotel Kommandante vun der Al-Kuds-Brigad vun den iranesche Revolutiounsgarde viséiert. Déi héichrangeg Membere vum sougenannte Libanon-Corps hätten Terrorattacken op Israel preparéiert, esou d’Land. Et gëtt vun enger “präziser Interventioun” geschwat. Weider confirméiert d’israeelesch Arméi e puer Attacken op Pëtrolsreserven an der iranescher Haaptstad Teheran. D’Lager wäre vun den iraneschen Truppe fir Ravitaillement genotzt ginn. D’Noriichtenagence Associated Press (AP) hat Videoe verëffentlecht, wou ee Flamen iwwer engem Reservoir gesäit.
Op der anerer Säit gouf et och nees Attacken op Saudi-Arabien a Kuwait. Am Kuwait gouf e Kerosin-Tank um internationale Fluchhafe vun enger Dron getraff.
D’Pompjeeën hunn d’Flame bekämpft an antëscht geläscht. D’Attack wier “een direkten Ugrëff op onverzichtbar Infrastruktur” gewiescht, huet et vun der kuwaitescher Arméi geheescht. Eng Dron wier och am Gebai vun der Sozialversécherung zu Kuwait-City ageschloen.
D’Vereenegt Arabesch Emirater hunn an enger offizieller Erklärung matgedeelt, datt den Iran bis ewell méi wéi 1.400 Dronen op d’Land geschoss hätt. Et géing ee keng Eskalatioun sichen, mee et hätt een d’Recht, all néideg Moossnamen ze huelen, fir déi national Sécherheet ze schützen.
Och de Generalsekretär vun der Arabescher Liga verurteelt déi iranesch Attacken op d’Golfstaate schaarf. Dat wier e risege strategesche Feeler, esou den Ahmed Abul Gheit wärend enger Videokonferenz mat den Ausseminister aus der Regioun. D’Attacke géife sech duerch kee Virwand a keng Entschëllegung justifiéiere loossen. Den Iran hätt mat hannerlëschtege Rakéiten an Dronenattacken de Länner aus der Golfregioun fir hir Friddensbeméiunge Merci gesot. Hien huet ënnerstrach, datt déi arabesch Staate keng Krichspartei wieren.
Den Iran hätt “iwwerfëllte Quartieren a Stied wéi Dezful, Isfahan a Shiraz benotzt, fir Attack-Dronen a ballistesch Rakéiten ze lancéieren”, esou US-Centcom an enger Erklärung, déi op X verëffentlecht gouf. Dëst Verhale géing d’Liewe vu Zivilisten a Gefor bréngen, “well Plazen, déi fir militäresch Zwecker benotzt ginn, hire Schutzstatus verléieren” an domat zu legitimme militäresche Ziler kënne ginn.