
Him an engem anere Vertrieder vun der Kierch wier “fir d’éischte Kéier zanter Joerhonnerten” d’Betriede vun der Kierch vum hellege Graf refuséiert ginn, esou dat laténgescht Patriarchat e Sonndeg. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hat d’Decisioun mat Sécherheetsbedenke begrënnt, huet awer en Vue vun den Ouschterfeierdeeg Lockerunge fir “reliéis Dignitairen” ugekënnegt. “Nach emol: Et gouf keng béis Intentiounen, mee leedeglech Suergen ëm seng Sécherheet an déi vu senge Begleeder”, sou den Netanjahu um Kuerznoriichtendéngscht X.
Dem Patriarchat no ware béid Kierchevertrieder privat ënnerwee - ouni zeremoniell Prozessioun - an hu missen ëmdréien. Rieds geet vun enger “offensichtlech deplacéierter a vëlleg onverhältnesméisseger Moossnam”. Déi israeelesch Police huet hirersäits drop verwisen, datt alleguerte reliéis an helleg Plazen zu Jerusalem zanter Ufank vum Iran-Krich Enn Februar zou wieren. D’Demande vum Patriarch konnt “dowéinst net accordéiert ginn”, heescht et an enger Stellungnam. Ausserdeem gouf op déi “komplex Situatioun” an der Alstad vu Jerusalem verwisen, déi den Asaz vu Rettungsgefierer bei engem méigleche “Masse-Virfall” méi schwéier maache géif.
Wéinst dem Iran-Krich sinn ëffentlech Versammlungen zu Jerusalem den Ament op 50 Participantë limitéiert. Mëtt Mäerz war wärend enger iranescher Rakéitenattack op Jerusalem Debris ënnert anerem op den Tempelbierg an op d’Géigend ronderëm d’Kierch vum hellege Graf erofgefall.
D’Kierch ass eng vun de wichtegsten an hellegste Plazen am Chrëschtentum. Se steet op där Plaz, wou Iwwerliwwerungen no Jesus Christus no sengem Doud um Kräiz begruewen an nees soll operstane soll sinn.
Kritik un der Moossnam vun der israeelescher Police koum et ënnert anerem vum franséische President Emmanuel Macron, deen dem Kardinol Pizzaballa seng “voll Ënnerstëtzung” zougesot huet.