IslamabadIS revendiquéiert Selbstmordattentat op schiitesch Moschee

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Selbstmordattentat an der pakistanescher Haaptstad sinn e Freideg méi wéi 30 Mënschen ëm d’Liewe komm, ronn 170 si blesséiert ginn.
© AAMIR QURESHI/AFP

D’Attentat ass wärend dem Freidesgebiet geschitt, wéi besonnesch vill Gleeweg am Gebai waren. Der Police no huet den Täter fir d’éischt op Sécherheetskräfte geschoss an duerno am Gebai selwer Sprengstoff gezünt.

D’Terrormiliz “Islamesche Staat” (IS) huet sech iwwert hire Propagandakanal op Telegram zu der Dot bekannt a souguer eng Foto vum presuméierten Attentäter verëffentlecht. Dës Informatioune konnten awer net onofhängeg iwwerpréift ginn. Zéngdausende Leit hu sech nom Attentat un Trauerzeremonië ronderëm Islamabad bedeelegt.

De Verdeedegungsminister vu Pakistan huet ouni Beweiser Indien fir d’Attentat responsabel gemaach, wat vun Indien resolut zeréckgewise ginn ass. Am Kader vu Razzien an der Provënz Khyber-Pakhtunkhwa goufe siwe Verdächteger festgeholl. Dobäi koumen op d’mannst ee militanten Extremist an zwee Sécherheetsbeamten ëm.

D’Schiite stellen a Pakistan ronn 20 Prozent vun der Bevëlkerung duer a si reegelméisseg Zil vu Gewalt, ënner anerem duerch den IS.

Back to Top
CIM LOGO