
Offiziell ass zwar nach näischt, mä et gëtt, wéi et schéngt, eng nei Propositioun aus dem Iran un d'USA. Dës geséich vir, dass d'Strooss vun Hormus nees normal soll fir den internationale Schëffsverkéier opgoen an déi géigesäiteg Attacken ophalen. Iwwert den iraneschen Atomprogramm kéint dann zu engem spéideren Ament verhandelt ginn, mellen US-Medien.
De Wall Street Journal an d'New York Times schreiwen awer och, dass den Donald Trump domat net zefridde wier. Hie géif weider fuerderen, dass de Regime zu Teheran den US-Amerikaner sämtlechen ugeräicherten Uran gëtt, an dass d'Iraner formell op de Besëtz vun Atomwaffe verzichten.
Den iraneschen Atomprogramm ass en Dënschdeg iwwerdeems och Thema zu New York bei der UNO, op deem den Atomwaffe-Spär-Vertrag op der Agenda steet.