
Dat huet d'Pentagon matgedeelt. Dem US-amerikanesche Verdeedegungsministère no war de Gros vun den Depensë fir Munitioun. De Finanzchef vum Pentagon Jules Hurst war an der zoustänneger Kommissioun am US-Kongress gehéiert ginn. Wann de Krich nach méi laang undauert, kéinten d'Käschten nach däitlech méi klammen.
Dem Wall Street Journal no soll den US-President Trump deemno och seng Beroder ugewisen hunn, déi néideg Preparatioune fir eng Verlängerung vun der Séiblockad géint den Iran virzebereeden. Deemno wéilt een déi finanziell Mëttel vun Teheran esou aschränken, datt den Iran och an der Atomfro misst kapituléieren.