Donald Trump ass sech "sécher"Iran-Krich hätt "Regimewiessel" zu Teheran erreecht

AFP, iwwersat vun RTL
Den Donald Trump ass sech "sécher", datt seng Regierung en Ofkommes mam Iran iwwer en Enn vum Krich erreeche wäert.
Der Iran-Krieg hat US-Präsident Trump zufolge einen "Regimewechsel" in Teheran erreicht. Seine Regierung habe es bei Gesprächen mit Teheran "mit anderen Leuten zu tun als mit denen, mit denen jemals zuvor jemand zu tun hatte", sagte Trump.
Bei Gespréicher mat der iranescher Spëtzt hätten d’USA “mat anere Leit ze di gehat” wéi bis ewell.
© AFP

Duerch den Iran-Krich wier dem US-President Trump no e “Regimewiessel” zu Teheran erreecht ginn. U Bord vun der Air Force One huet den Trump erkläert, datt seng Regierung bei Gespréicher mat der iranescher Spëtzt “mat anere Leit ze dinn hat wéi mat deenen, mat deenen iergendee jee virdrun ze dinn hat”.

D’Regierung zu Teheran wier “eng ganz aner Grupp vu Leit”, sot den US-President. “Dowéinst géing ech dat als Regimewiessel ugesinn.” Gläichzäiteg huet den Trump ugedeit, datt et geschwënn zu engem Ofkommes fir en Enn vum Krich kéint kommen. “Ech denken, mir wäerten en Ofkommes mat hinnen decidéieren, ech si mir bal sécher.”

Teheran hätt ausserdeem zougestëmmt, seng Blockad vun der strategesch an ekonomesch wichteger Strooss vun Hormus méi lacker ze maachen, heescht et weider vum US-President. D’iranesch Spëtzt géing 20 Pëtrolstankeren duerch de Mierespassage duerchloossen. “Dat fänkt muer de Moien, fir déi nächst Deeg”, sou nach den Trump.

Den US-President sot iwwerdeem an engem Interview mat der brittescher Zeitung “Financial Times”, d’US-Arméi kéint d’Insel Charg, déi fir iranesch Pëtrolsexporter wichteg ass, “ganz liicht” anhuelen. “Ech mengen net, datt si Verdeedegung hunn”, sot hien. Charg läit am Norde vum Persesche Golf ronn 30 Kilometer vun der Küst a ronn 500 Kilometer vun der Strooss vun Hormus ewech.

De Weekend hat “d’Washington Post” gemellt, datt d’US-Regierung sech dorop preparéiere géing, Buedemtruppen an den Iran ze schécken. Den US-Verdeedegungsministère hätt Pläng fir eng wochelaang Buedemoffensiv ausgeschafft. Ënnert anerem géingen d’Pläng vum Pentagon Buedemasätz vu Spezialunitéiten a konventionelle Buedemtruppen op Charg virgesi souwéi op Küsten an der Géigend vun Hormus. Eng komplett Invasioun wier awer net Deel vun de Pläng, mellt d’Zeitung ënner Recours op US-Beamten, déi anonym bleiwe wollten.

Back to Top
CIM LOGO