
E Méindeg ass en irakesche Metzler zu 10 Joer Prisong verurteelt ginn, well hie Schwéngefleesch verkaaft a senge Cliente gesot hat, et wier Rëndfleesch. De Mann, dee mat 75 Kilo Fleesch vu Schwäin a sengem Besëtz verhaft gi war, ass an der helleger Stad Najaf verurteelt ginn.
Wärend den Islam d'Consomméiere vu Schwéngefleesch verbitt, ënnerseet dat irakescht Gesetz awer net kategoresch d'Vente dovun am gréisstendeels muslimesche Land, an deem et och eng chrëschtlech Minoritéit gëtt. D'Geriicht huet sech bei senger Decisioun op e Gesetz vun 1998 baséiert, an deem et heescht, dass de Verkaf vun net propperem Fleesch, dat vun "Hënn, Ieselen an aneren Déiere wier", verbuede wier.
De Metzler war Ufank September verhaft ginn, nodeems op de Soziale Medie Biller vu Schwäin opgedaucht waren, mat der Iwwerschrëft "Hei ass Najaf".