BrasilienInhaftéierten Ex-President Bolsonaro gëtt wéinst "chroneschem Hick" traitéiert

AFP
Den inhaftéierten Ex-President vu Brasilien, de Jair Bolsonaro, dee jo wéinst engem versichte Putsch am Prisong sëtzt, krut wéinst sengem "chroneschen Hick" een Agrëff an engem Spidol gemaach.
Der wegen eines Putschversuchs inhaftierte brasilianische Ex-Präsident Jair Bolsonaro hat sich wegen chronischen Schluckaufs einem weiteren Eingriff im Krankenhaus unterzogen. Die Behandlung am Zwerchfellnerv verlief gut, wie die Ärzte am Samstag mitteilten.
© AFP

D’Behandlung um Zwerchfell wier gutt verlaf, soten d’Dokteren e Samschdeg. Den Nerv wier per Ultraschall lokaliséiert ginn, duerno wier do un der rietser Säit ee Mëttel géint Péng gesprëtzt ginn. E Méindeg soll déi lénk Säit drukommen. Virum Agrëff hat dem Bolsonaro seng Fra e Samschdeg gesot, den Ex-President géif zanter néng Méint all Dag den Hick hunn.

De rietsextreeme Politiker war e Mëttwoch fir d’éischt aus dem Prisong fräi komm, fir an der Privatklinik DF Star zu Brasília un der Leescht operéiert ze ginn. Och deen Agrëff en Donneschdeg ass senger Fra no “ouni Komplikatioune” verlaf.

De Bolsonaro leit gesondheetlech ënnert de Suitte vun enger Bauchverletzung duerch ee Messerugrëff wärend dem Walkampf 2018. Nom Ugrëff huet hien e puermol missen operéiert ginn.

De Riichter Alexandre de Moraes huet en Dënschdeg eng Demande vum Bolsonaro sengen Affekoten accordéiert, déi eng provisoresch Fräiloossung vum 70 Joer ale Mann fir seng Leeschten-Operatioun gefuerdert hat. De Bolsonaro ass zanter Enn November um Büro vun der Bundespolizei zu Brasilia, nodeems hie probéiert hat, seng Foussfessel erofzekréien.

De Moraes war fir de Prozess zoustänneg, bei deem de Bolsonaro am September zu iwwer 27 Joer Prisong verurteelt gi war. Dat Iewescht Geriicht huet den US-President schëlleg gesprach, eng “kriminell Organisatioun” ugefouert ze hunn, fir seng Defaite bei de Walen am Joer 2022 géint de Lula ze kippen.

Back to Top
CIM LOGO