"Innovativ Iddi"Indien wëll Krokodillen a Schlaange géint illegal Awanderung asetzen

AFP, iwwersat vun RTL
Krokodillen a Schlaangen als Ofschreckung géint illegal Awanderung: Déi indesch Regierung préift den Ament den Asaz vu Reptilie fir de Grenzschutz.
Krokodile und Schlangen zur Abschreckung illegaler Einwanderer: Die indische Regierung erwägt den Einsatz von Reptilien zum Grenzschutz.
Indien huet eng méi wéi 4.000 Kilometer laang Grenz zu Bangladesch, an där et virun allem duerch Flëss, Weieren a Magrovëbëscher geet.
© AFP

“Mir goufe gebieden, den Asaz vu Reptilie wéi Schlaangen a Krokodillen op net-iwwerwaachte Grenzfloss-Deeler ze préiwen”, sot de Grenzschutz-Offizéier Manoj Barwal e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP. De Barnwal huet vun enger “innovativer Iddi” geschwat, déi allerdéngs “sëllegen Erausfuerderunge” virun allem mat Bléck op d’Sécherheet mat sech brénge géing.

Ënnert anerem misst deemno gekläert ginn, wéi d’Reptilien erbäibruecht solle ginn a wéi eng Auswierkungen hir Presenz op Awunner vun de Grenzflëss kéinten hunn. Elo géing op der Plaz iwwerpréift, ob de Plang ëmsetzbar ass, esou nach den Offizéier.

Indien huet eng méi wéi 4.000 Kilometer laang Grenz zu Bangladesch, an där et virun allem duerch Flëss, Weieren a Magrovëbëscher geet. Déi Hindu-nationalistesch Regierung vum Narendra Modi, déi zanter 2014 un der Muecht ass, huet de Kampf géint déi illegal Awanderung virun allem aus Bangladesch zu engem wichtegen Zil erkläert.

Back to Top
CIM LOGO