Erfolleg fir d'"Kakerlacken"Indeschen Educatiounsminister annoncéiert Récktrëtt no massive Studenteprotester

RTL mat AFP
No Deeg vu landeswäite Studenteprotester géint Onreegelméissegkeete bei wichtegen Examen huet den indeschen Educatiounsminister Dharmendra Pradhan e Samschdeg säi Récktrëtt ugekënnegt.
© INDRANIL MUKHERJEE/AFP

Nodeems et an Indien d'lescht Woch zu massive Protester vu Studente koum, huet den Educatiounsminister Dharmendra Pradhan e Samschdeg säi Récktrëtt ugekënnegt. Hannergrond sinn Onreegelméissegkeete bei wichtegen Examen, déi fir vill jonk Leit iwwer hir berufflech Zukunft entscheeden.

Dës Onreegelméissegkeeten hunn eng Well vu Roserei ausgeléist. Dausende Jonker sinn an de Groussstied an an der Haaptstad New Delhi op d'Strooss gaangen an hunn ënner dem Numm "Cockroach Janta Party" (CJP) – also d'"Kakerlacke-Beweegung" – eng Reform vum Educatiounssystem an dem Pradhan seng Demissioun gefuerdert.

"Et deet mir wéi, wat an de leschten 10 Deeg geschitt ass. Fir mech steet hei net mäi perséinleche Ruff am Mëttelpunkt", sou de Pradhan a sengem Récktrëttsschreiwes op X. Hien huet weider uginn, seng Demissioun beim dem Premierminister agereecht ze hunn.

No enger neier Verhandlungsronn hunn d'Representante vun der CJP matgedeelt, datt all hir Fuerderungen erfëllt goufen an d'Protester, déi sech virun allem am Zentrum vun New Delhi ofgespillt hunn, ofgesot ginn.

Lescht Woch war d'Lag zum Deel eskaléiert: D'Police huet Tréinegas agesat a mat Gummisknëppel op Leit ageschloen, wéi Demonstranten hire Marsch bei d'Parlament wollte maachen. Ma och wann d'Regierung schonn zwou Verhandlungsronne mat der CJP hat, huet sech d'Beweegung net vun hire Fuerderungen ofbrénge gelooss.

De Pradhan huet seng Demissioun schlussendlech kuerz virun der drëtter Gespréichsronn ugekënnegt. "Déi Jonk an Indien sinn déi eigentlech Kraaft vum Land. Ech setzen alles dorop, datt mir déi nächst Generatioun net an en Däiwelskrees féieren", sou de Minister.

"Mir hunn et gepackt"

Wéinst der Ukënnegung war d'Freed bei den Demonstrante grouss. "Mir hunn et gepackt", sou de Grënner vun der CJP, Abhijeet Dipke, virun Honnerte Leit, wat grousse Bäifall ausgeléist huet.

D'Jugendbeweegung setzt sech mëttlerweil och fir aner Themen an, wéi d'Problemer ronderëm Aarbechtslosegkeet, Chancë fir jonk Leit an déi ëmmer méi autoritär Aart a Weis, mat där de Premierminister Narendra Modi regéiert – esou zumindest d'Kritiker. Dës Well vun Onzefriddenheet geet domat wäit iwwer den Educatiounssecteur eraus.

D'Protester zielen zu de gréissten Erausfuerderunge fir déi Hindu-nationalistesch Regierung vum Narendra Modi zënter der leschter Wal am Joer 2024. Weider Fuerderunge vun de Protester waren eng Kompensatioun fir déi betraffe Schüler, an dass legal Prozedure géint Demonstrante fale gelooss ginn, esou de CJP-Spriecher Ashutosh Ranka.

Den Oppositiounspolitiker Rahul Gandhi huet d'Beweegung ënnerstëtzt an dem Pradhan säi Récktrëtt als "grousse Schratt" bezeechent. Weider huet hien de Modi opgeruff, sech fir d'Affär ze entschëllegen a méi Respekt géintiwwer de Schüler an de kommende Generatioune vum Land ze weisen.

"Et muss géint déi Leit virgaange ginn, déi Gewalt géint Schüler ausgeüübt hunn", sou de Gandhi.

Back to Top
CIM LOGO