Enkt vu Bab al-Mandab besatHuthi hu Kontroll iwwer ganz jemenittesch Küst iwwerholl

RTL mat AFP
Déi vum Iran ënnerstëtzte Miliz huet déi lescht zwou Inselen am Beräich vun der Enkt Bab al-Madab besat a kontrolléiert domat dee wichtege Passage am Roude Mier.
De Wee duerch d'Rout Mier ass fir saudi-arabesch Schëffer aktuell net méiglech.
De Wee duerch d'Rout Mier ass fir saudi-arabesch Schëffer aktuell net méiglech.
© -/AFP

D'Huthi-Miliz am Jemen huet, no den Insele Mayyun a Zukar, béid Hanisch-Inselen ënnert hir Kontroll bruecht. Nom Réckzuch vun de Regierungstruppen huet d'Miliz domat d'Iwwernam vum Gebitt Bab al-Mandab ofgeschloss an esou och d'Kontroll iwwer déi ganz jemenittesch Côte um Roude Mier iwwerholl.

Domat bekräftegt d'Miliz hir Séiblockad géing saudi-arabesch Schëffer, déi se zanter Juli am Roude Mier ugräift. "D'Schëfffaart wier duerch d'Enkt Bab al-Mandab fir all Entreprisë sécher, mat Ausnam vun de saudi-arabesche Schëffer, fir déi e Verbuet gëllt", sou e Spriecher vun den Huthi.

Bab al-Mandab zielt zu de wichtegste Passagen an der internationaler Schëfffaart a verbënnt d'Rout Mier mam Indeschen Ozean. D'Enkt am Roude Mier ass ronn 100 Kilometer laang an 30 Kilometer breet a stellt eng vital Route fir d'Schëfffaart duer, well et eng zentral Verbindung tëscht Asien an Europa ass. Besonnesch fir den Export vu saudi-arabeschem Ueleg ass d'Enkt zentral. Zanter der Blockad vun der Strooss vun Hormus duerch Teheran, bedéngt duerch de Konflikt tëscht dem Iran an den USA, huet Bab al-Mandab zousätzlech u Bedeitung gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO