Séiert Enn vum Krich am IranHu Schwankungen op der Bourse a beim Pëtrol d'Annonce vum Donald Trump motivéiert?

Pit Everling
Den US-President huet e séiert Enn vum Krich am Iran annoncéiert. Ma et spille verschidden aner Facteure mat eran, wéi just d'Wuert vum Donald Trump.
Den US-President Donald Trump op enger Pressekonferenz.
Den US-President Donald Trump op enger Pressekonferenz.
© SAUL LOEB/AFP

Den Iran-Krich kéint ganz geschwënn op en Enn goen, seet den Donald Trump, eppes, wat déi iranesch Revolutiounsgarden anescht gesinn. Den Op an Of op de Boursse geet dogéint weider an d‘Situatioun beim Pëtrol bleift ugespaant.

An eiser Mëttesstonn um Dënschdeg hu mer de Point gemaach wou den Iran-Krich aktuell drun ass. Eng ganz Regioun ass mëttlerweil involvéiert.

D‘Welt hätt seelen e militäresche Succès gesinn ewéi d‘Operatioun “epic fury”. Déi atomar Gefor, déi vum Iran ausgoung, géif et net méi ginn. Den Iran hätt quasi keng militäresch Forcë méi. Et géing fir d‘Leaderen am Iran jorelaang daueren, alles rëm opzebauen. Se sollten dat Spill besser net spillen, sot de Chef aus dem Wäissen Haus e Méindeg op enger Pressekonferenz a Florida.

Si hu keng Marinn a Loftwaff méi, kee ganze Fliger méi, keen Equipement. Alles ass an d‘Luucht geflunn. Se hu kee Radar, keng Telekommunikatioun a keng Leadere méi. Alles ass fort. Mir kéinten elo ophalen a vun engem grousse Succès schwätzen, oder weider fueren...a mir fuere weider.” Hie géing och net dovunner ausgoen, datt de Krich dës Woch eriwwer wier, mä awer ganz geschwënn, sou nach den Trump.

Wéi probabel et dann ass, datt den Iran-Krich séier op en Enn geet, ass awer ganz schwéier ze soen. D’Meenunge ginn an der Fro, wéi laang de Regime zu Teheran sech gewiert kritt respektiv Nopeschlänner attackéieren oder de Schëffs-Trafic an der Strooss vun Hormus perturbéiere kann, auserneen. Genee Zuelen, wéi vill Waffen dem Iran nach bleiwen, gëtt et net. Experte schätzen awer, datt e gudden Deel vun de Rakéite an Drone scho verschoss gi sinn.

Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn op alle Fall direkt op d‘Aussoe vum US-President Donald Trump reagéiert a wësse gedoen, datt et net an den Hänn vun den Amerikaner léich, wéini de Konflikt eriwwer wier. “Mir sinn déi, déi iwwer en Enn vum Krich wäerte bestëmmen”, heescht et an enger Deklaratioun vun de Revolutiounsgarden, déi vun enger iranescher Noriichtenagence verbreet gouf. Mat der Designatioun vun engem neien Ajatollah signaliséiert de Mullah-Regime och, datt een net gewëllt ass de Pouvoir ofzeginn.

Datt den Donald Trump e Méindeg de Message erausginn huet, datt de Krich net méi esou laang dauert, huet en einfache Grond. Déi geopolitesch Tensiounen am Noen Osten haten an hunn natierlech en Impakt op d‘Bourssen, wou et zënter Enn Februar e groussen Op an Of gëtt. De gréisste Problem sinn d‘Pëtrolspräisser. De Barrel war tëschenduerch op iwwer 120 Dollar geklotert. Den Donald Trump war dofir e Méindeg beméit, fir op deem Punkt ze berouegen. “Mir bereeden de ganze Menacen ee fir alle Mol en Enn. D‘Resultat wäerte méi niddereg Pëtrols- a Gaspräisser fir amerikanesch Famillje sinn. Mir hunn dat gemaach. Dëst war just en Ausfluch, deen awer néideg war. Aner Länner si méi affektéiert wéi d‘USA. Mir sinn net sou impaktéiert. Amerika huet vill méi Pëtrol a Gas wéi et es brauch, wonnerbare Pëtrol a Gas. Mir hunn och elo Venezuela als neie Partner.”

Am November sinn an den USA d‘Mid-Term-Walen. D‘Republikaner kéinten do eng bei d‘Box kréien an den Iran-Krich däerf dowéinst keng héich Inflatioun provozéieren. Ëmfroen no ënnerstëtzt och just e knappen Drëttel vun den US-Bierger déi amerikanesch Militär-Interventioun am Iran.

Back to Top
CIM LOGO