GuatemalaHonnerte Leit no Ausbroch vum Vulkan "Fuego" evakuéiert

RTL mat AFP
No engem massiven Ausbroch vum Vulkan "Fuego" a Guatemala hunn Honnerte Leit missen hier Haiser verloossen.
De Vulkan "Fuego", wéi en de 4. August 2026 ausbrécht.
De Vulkan "Fuego", wéi en de 4. August 2026 ausbrécht.
© JOHAN ORDONEZ/AFP

No engem staarken Ausbroch vum Vulkan "Fuego" a Guatemala an der Nuecht op en Dënschdeg hunn Honnerte Leit aus der Ëmgéigend missen evakuéiert ginn. D'Autoritéiten haten eng Alerte rouge erausginn, nodeems de Vulkan schonn zënter Méindeg de Moie Lava a grouss Wolleke mat Äsche vu sech ginn huet.

Am Laf vum Dag hu sech d'Konditioune weider verschäerft: vum 3.763 Meter héije Vulkan, deen ongeféier 100 Kilometer vun der Haaptstad Guatemala-Stad ewech läit, si Lavaflëss de Bierg erofgelaf wärend d'Äschewolleken op enger Héicht vu sechs Kilometer gemooss goufen.

D'Pompjeeën hunn op d'mannst 500 Leit aus den Dierfer El Porvenir a Las Lajitas a Sécherheet bruecht. Déi Betraffe goufen an enger Hal an der Gemeng San Juan Alotenango ënnerbruecht, wou Better fir si opgestallt goufen. Wéi vill Persounen insgesamt an der Regioun mat enger Populatioun vun 1,6 Millioune Leit evakuéiert goufen, ass nach net kloer.

Virun allem Communautéiten um westlechen a südlechen Hang vum Vulkan sinn am meeschten a Gefor, sou lokal Autoritéiten. De Vulkan ass schonn zënter 23 Stonnen am gaangen ze späizen, ma d'Intensitéit geet awer mëttlerweil liicht zréck.

Den internationale Fluchhafen an der Haaptstad war bis ewell nach net betraff.

Guatemala läit um pazifesche "Feierrank", wou et dacks zu Äerdbiewen a Vulkanausbréch kënnt. An de leschte Joren huet de Fuego ëmmer nees fir grouss Evakuatioune gesuergt.

2023 goufe bei zwee Ausbréch bal 1.700 Leit a Sécherheet bruecht. Besonnesch dramatesch war et 2018, deemools sinn 215 Mënschen ëm d'Liewe komm an nach emol esou goufe vermësst, nodeems Lavaflëss e ganzt Duerf zerstéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO