
D’Hillary Clinton huet hire Mann Bill a Schutz geholl, dësen hätt näischt vum Epstein senge Verbrieche gewosst. Déi fréier US-amerikanesch Ausseministesch ass virun d’Press getrueden, nodeems si zu Chappaqua am Bundesstaat New York gehéiert gi war. D’Relatioune vun hirem Mann mam Sexualverbriecher wieren eriwwer gewiescht, Joren éiert eppes iwwert dem Epstein seng kriminell Aktivitéite bekannt gi war, sou d’Hillary Clinton.
Hir Unhéierung virum Ausschoss vum Kongress huet si als “laang a repetitiv” bezeechent. Si hätt sëllege Mol misse soen, si hätt den Jeffrey Epstein net kannt. Do virdrun hat si eng Befroung ënner Eed vum Donald Trump gefuerdert. Den aktuellen US-President géif Zéngdauesende Kéieren an de sougenannten Epstein-Files opdauchen.
E Freideg wäert dann de fréiere President Bill Clinton an der Affär befrot ginn. d’Clintons hate sech laang dogéint gewiert, an eréischt zougesot, wéi d’Republikaner mat engem Prozess wéinst Mëssuechtung vum Kongress gedreet haten.