Däitsche Procureur generalHamas soll "eng konkreet Attack" op Europa geplangt gehat hunn

RTL mat AFP
D'Hamas hat, wéi et schéngt, en Attentat an Europa geplangt. Dat mellt den ieweschten däitsche Procureur general.
© ALEXANDER POHL NurPhoto NurPhoto via AFP

An de leschte Méint wieren deemno néng presuméiert Hamas-Sympathisante festgeholl ginn. Bei engem vun hinne gouf e pre-enregistréierte "Bekenner-Video" fonnt, esou den däitsche Generalbundesanwalt Jens Rommel dem Deutschlandfunk géigeniwwer. An dësem Video wier eng Attack annoncéiert ginn, déi ronderëm den zweete Joresdag vum Iwwerfall vun der Hamas op Israel sollt sinn — also am Zäitraum ronderëm de 7. Oktober 2026. Wat genee vum Attentat sollt viséiert ginn, ass net bekannt.

D'Justiz mat Sëtz zu Karlsruhe geet dowéinst dovunner aus, datt déi islamistesch Palestinenserorganisatioun schonn ee konkreet Terror-Zil an Europa an d'A gefaasst hat. Déi éischt dräi vun den insgesamt néng Verdächtege waren den 1. Oktober 2025 zu Berlin festgeholl ginn. Si sollte spéitstens zanter dem Summer 2025 an den Transport vu Waffen a Munitioun verwéckelt gewiescht sinn, déi den Ermëttler no bei Ugrëff op israeelesch a jüddesch Ariichtungen an Däitschland hätte sollen an den Asaz kommen.

An de Méint duerno gouf weider ermëttelt an et ass gelongen, sechs weider Männer an Däitschland an och an anere Länner an Europa festzehuelen. Si waren a Groussbritannien an op Zypern, ma Enn Mee 2026 gouf et och nach een Asaz an Dänemark. Ee vun de Beschëllegte soll der däitscher Bundesanwaltschaft no Waffen an der éisträichescher Stad Wien gelagert hunn.

Et gouf allerdéngs net just Festnamen, viru Geriicht goufen et och schonn éischt Verurteelungen. Enn Mäerz ware véier Membere vun der Hamas vun engem Berliner Geriicht zu Prisongsstrofe verurteelt ginn. Mam Urteel war et déi éischte Kéier, datt een Oberlandesgericht an Däitschland festgehalen huet, datt d'Hamas eng terroristesch Vereenegung am Sënn vum däitsche Strofgesetzbuch wier.

Back to Top
CIM LOGO