
An der gespaarter Zon ronderëm dat fréiert Atomkraaftwierk Tschernobyl ass e gréissert Feier ausgebrach. Dat nodeems zwou Dronen erofgefall sinn. Wéi de Responsabele vum Naturschutzgebitt zu Tschernobyl, den Denis Nesterow op de soziale Medie schreift, wier eng Fläch vu ronn 12 Quadratkilometer vum Feier betraff. D'Wäerter vun der radioaktiver Stralung géifen den Autoritéiten no awer am normale Beräich fir d'Gebitt leien. Wéinst dem staarke Wand géifen d'Läschaarbechten aktuell nëmme schwéier virukommen.
Bis ewell ass net gewosst, wouhier d'Drone kommen, déi iwwert dem Gebitt erofgefall sinn. Den Administratiounschef vun der Regioun Tschernihiw, déi un Tschernobyl grenzt, de Wjatscheslaw Tschaus mécht Russland responsabel. Moskau géif hannert den Drone stiechen an d'Läschaarbechten aktiv behënneren.
Zanter dem Ufank vum Ukrainkrich reprochéiere Kiew a Moskau sech géigesäiteg, Atomkraaftwierker ze attackéieren. Zejoert hat eng russesch Dron de Schutz-Sarkophag aus Bëtong ëm dat fréiert Kraaftwierk zu Tschernobly beschiedegt.