Presuméierte Fall vun ErpressungGrouss Réckruffaktioun: Rategëft a Puppelchersbräi vun HiPP an Éisträich nogewisen

RTL mat AFP
An Éisträich si manipuléiert Bräigliesercher fir Puppelcher saiséiert ginn, dat nodeems eng systematesch Manipulatioun mat Rategëft confirméiert gouf – d'Police geet am Moment vun Erpressung aus.
Foto vum Haaptsëtz vun HiPP zu Pfaffenhofen an der Ilm an Däitschland.
Foto vum Haaptsëtz vun HiPP zu Pfaffenhofen an der Ilm an Däitschland.
© ARMIN WEIGEL/dpa Picture-Alliance via AFP

An Éisträich ass an engem Bräiglas fir Puppelcher vum Hiersteller HiPP Rategëft fonnt ginn. D’Gesondheetsautoritéit an d’Police ginn dovun aus, datt et sech ëm en Erpressungsversuch handelt.

No enger Réckruff-Aktioun hat d’Police e Samschdeg matgedeelt, datt eent vun de scheinbar manipuléierte Glieser geséchert a positiv op Rategëft getest gouf. “Dëst Gliesche war vun engem Client gemellt ginn, e Konsum huet net stattfonnt”, esou d’Police.

HiPP hat schonn e Freidegowend säi ganzt Sortiment bei der Chaîne Spar wéinst Gesondheetsrisiken zeréckgeruff. Et kéint net ausgeschloss ginn, datt duerch “Manipulatioun” e “geféierleche Stoff” an d’Geméisglieser mat Muerten a Gromperebräi bäigefüügt gouf, esou d’Entreprise.

D’Austrian Agency for Health and Food Safety hat scho virdru gemellt, datt eenzel Glieser vum Produit méiglecherweis mat Rategëft versat goufen. Et géif sech dobäi ëm e presuméierten Erpressungsversuch handelen.

Betraff wier no aktuellem Stand eng Spar-Filial zu Eisenstadt am Burgenland. Och an Tschechien an an der Slowakei wieren der Police no Glieser geséchert ginn.

D’éisträichesch Police huet och op lafend Ermëttlungen an Däitschland higewisen. Am Kader dovun hätten d’éisträichesch Autoritéiten Informatioune kritt, datt méiglecherweis kontaminéiert HiPP-Glieser am Raum Eisenstadt am Ëmlaf kéinte sinn.

E Verdächtege gëtt et bis elo net. D’Police rifft dozou op, “besonnesch opmierksam” ze sinn a verdächteg Observatioune séier ze mellen.

Déi manipuléiert Glieser wiere mat engem wäissen Autocollant mat roudem Krees um Buedem markéiert. Ausserdeem kéint den Deckel op oder beschiedegt sinn an de Sécherheetsverschloss feelen, sou datt dat typescht Knacke beim éischten Opmaachen net ze héiere wier.

Zeie schwätzen och vun engem “ongewéinlechen oder verduerwene Geroch”.

Bei Onreegelméissegkeete soll een d’Glieser net opgemaachen an op kee Fall engem Puppelchen oder klenge Kand ginn. D’Gesondheetsautoritéit appelléiert un d’Elteren, bei Symptomer wéi Bluddungen oder extremer Schwächt “onbedéngt” en Dokter opzesichen.

D’Symptomer trieden dacks eréischt verzögert op, dat no zwee bis fënnef Deeg. Mat enger medezinescher Behandlung, virun allem duerch Vitamin K, ass eng Vergëftung laut Autoritéiten awer gutt ze behandelen.

Entwarnung fir Däitschland

D’Entreprise huet spéider e Sonndeg Entwarnung fir Däitschland ginn. Produiten an Däitschland oder aneren europäesche Länner, an deenen den Ament net enquêtéiert gëtt, wieren net betraff.

Dat sot e Spriecher vum Konzern haut op Nofro vun der Noriichtenagence AFP. Et géif sech, den aktuellen Informatiounen no, ëm e klore limitéierte Fall handelen.

Back to Top
CIM LOGO