Zu Kopenhagen an a Grönland selwerDausende Leit protestéiere géint dem Donald Trump säi Plang, Grönland ze annexéieren

AFP
An der dänescher Haaptstad an a Grönland gouf et e Samschdegmëtteg grouss Demonstratioune wéinst dem US-President senger Menacen, Grönland ze iwwerhuelen.

Dausende Leit hu sech virun der Märei vu Kopenhagen versammelt, fir géint dem Donald Trump seng Pläng, Grönland ënner US-Kontroll ze kréien, ze protestéieren. Si hu mat däneschen a grönlännesche Fändele gewonk an ëmmer nees “Kalaallit Nunaat!” – den Numm vu Grönland op Grönlännesch – geruff.

Och an aneren dänesche Stied ware fir e Samschdeg Protester géint dem amerikanesche President seng Pläng geplangt. Dat ënnert dem Motto “Grönland gehéiert de Grönlänner” an “D’Hänn ewech vu Grönland”. D’Zil wier et, “eng kloer a gemeinsam Botschaft vum Respekt fir d’grönlännesch Demokratie a grondleeënd Mënscherechter ze diffuséieren”, heescht et um Internetsite vun “Uagut”, enger Organisatioun vu Grönlänner an Dänemark.

Och an der grönlännescher Haaptstad Nuuk sinn d’Leit e Samschdeg op d’Strooss gaangen. D’Zil wier et ze weisen, dass een zesummenhalen an hannert den eegene Politiker an Diplomate géing stoen, heescht et vum Organisateur Kristian Johnasen.

Den Trump hat an de leschte Wochen ëmmer nees een US-Besëtz-Usproch op Grönland erhuewen an dat mat den nationale Sécherheetsinteresse vun den USA an der Arktis begrënnt. Rieds war dovun, d’Insel ze kafen, ma och militäresch Gewalt huet den US-President net ausgeschloss.

Wéinst de Menace vum US-President hat en Donneschdeg eng militäresch Reconaissance-Missioun vun enger Rei NATO-Länner a Grönland ugefaangen, un där zum Beispill och déi däitsch Bundeswehr bedeelegt ass.

Virdru gouf et ee Krisentreffe vun den Ausseminister vun Dänemark a Grönland mam US-Vizepresident JD Vance an Ausseminister Marco Rubio zu Washington. Dat ass allerdéngs ouni Resultat bliwwen.

Grönland gehéiert als autonoomt Gebitt zu Dänemark, dat wéi d’USA Member vun der NATO ass.

Back to Top
CIM LOGO