
Op d'mannst 82 Mënsche sinn am Sudan ëm d'Liewe komm, wéi eng Goldminn agefall ass. An der Al-Saraa-Minn am Bundesstaat West Kordofan wier nach eng onbekannten Zuel agespaart, sou e Vertrieder vun der RSF-Miliz, déi d'Géigend kontrolléiert. Et wéisst een net, wéi vill Leit sech nach ënnert dem Buedem géinge befannen. D'Asazkräfte misste mat einfachste Mëttele schaffen, heescht et vun der Plaz. 50 Blesséierter si confirméiert.
En Dënschdeg wier et zum Ongléck komm. De Sudan ass eent vun den afrikanesche Länner, an deenen am meeschte Gold gefërdert gëtt. D'lescht Joer wiere ronn 70 Tonnen ofgebaut ginn. Am Abrëll 2023 hat e Krich ugefaangen tëscht der Arméi vum Militär-Leader Abdel Fattah al-Burhan an der RSF-Miliz vun deem senge fréiere Stellvertrieder Mohamed Hamdan Daglo.
Béid Parteie finanzéiere sech zu groussen Deeler aus dem Handel mat Gold. Wéinst deem Konflikt läit déi sudaneesesch Wirtschaft um Buedem an den Taux vun der Aarbechtslosegkeet ass héich. Dowéinst ginn der vill an de geféierleche Minnen op d'Sich no Gold oder schaffen a Gebidder, déi net offiziell fir den Ofbau ausgewise sinn.