Chaos zu BréisselGewaltsam Demonstratioune géint Austeritéitsmesuren an der frankophoner Bildung

RTL Lëtzebuerg
D’Protestaktioun géint Kierzungen an der franséischsproocheger Bildung ass eskaléiert an d’Police huet ënnert anerem Waasserwerfer agesat, fir d'Demonstranten ze verspreeën.
Gewaltsam Demonstratiounen géint Austeritéitsmesuren zu Bréissel
D’Protestaktioun géint Kierzungen an der franséischsproocheger Bildung ass eskaléiert.

En Donneschdeg ass et zu Bréissel zu gewaltsamen Demonstratioune komm. D’Police huet d’Leit opgeruff, d’Géigend ronderëm d’Gare Bruxelles-Central ze evitéieren. Op de Stroosse ronderëm d'Gare hunn Demonstrante Freedefeier agesat an Objete matten am Wee verbrannt. Den ëffentlechen Transport an der Koningsstraat gouf ausgesat, an och d'Metrosstatioun Park gouf net ugefuer.

D'Opreegung an der franséischsproocheger Communautéit ass grouss, well iwwer déi nächst Joren an der frankophoner Educatioun eng 300 Milliounen Euro agespuert solle ginn. D’Léierpersonal soll zwou Stonnen d'Woch méi schaffen, ouni dofir extra bezuelt ze ginn, d'Unie solle méi deier ginn, an et soll manner an d’Schoulgebaier investéiert ginn. Et soll ausserdeem fir neit Léierpersonal, dat nom September 2027 agestallt gëtt, eriwwer si mat enger Beruffssécherheet op Liefzäit.

D'Regierung vun der franséischsproocheger Communautéit an der Belsch wollt d'Austeritéitsmesuren en Donneschdeg um séiere Wee fir ee Vott an d'Parlament bréngen. Ma d'Budgetskommissioun huet d'Propos nach net ugeholl. Kritiker hunn de Prozess dowéinst als ondemokratesch bezeechent.

Back to Top
CIM LOGO