Chineesesch Staatsvisitt an Nordkorea"Géint eis traditionell Frëndschaft wäert kee gewanne kënnen"

RTL mat AFP
De Xi Jinping ass zu Pjöngjang vum Kim Jong un empfaange ginn. Et ass déi éischt Staatsvisitt zanter siwe Joer. Trotz nordkoreaneschem Rapprochement zu Moskau ass d'Frëndschaft zu Peking ënnerstrach ginn.
D'Arrivée vum chineesesche President ass op der nordkoreanescher Tëlee iwwerdroe ginn
D'Arrivée vum chineesesche President ass op der nordkoreanescher Tëlee iwwerdroe ginn.
© JUNG YEON-JE/AFP

De Xi Jinping ass fir eng zwee Deeg laang Visitt an Nordkorea ukomm. Zesumme mat senger Fra Peng Liyuan ass de chineesesche President e Méindeg um Fluchhafe vu Pjöngjang vum nordkoreanesche Leader Kim Jong Un an deem senger Fra Ri Sol Ju empfaange ginn.

Et ass déi éischt Visitt an Nordkorea zanter 2019 an déi éischt chineesesch Auslandsrees an dësem Joer. Der chineesescher Säit no wier d'Rees op Invitatioun vum Kim zustane komm.

Chineesesch Staatsvisitt an Nordkorea
"Géint eis traditionell Frëndschaft wäert kee gewanne kënnen"

An engem Artikel, deen an der nordkoreanescher Zeitung "Rodong Sinmun" publizéiert ginn ass, schreift de Xi, datt "egal, wéi sech d'Zäiten änneren oder déi international Lag sech entwéckelt, géint déi traditionell Frëndschaft tëscht China an Nordkorea, déi ëmmer bestoe wäert bleiwen, wäert kee gewanne kënnen".

China ass de wichtegsten Handelspartner vun Nordkorea an ënnerstëtzt dat international gréisstendeels isoléiert Land diplomatesch, wirtschaftlech a politesch. Wéinst sengem Rakéiten- an Atomprogramm sinn eng ganz Partie Sanktioune verhaange gi géint Nordkorea. D'Land huet an de leschte Jore seng Relatioune mat Russland däitlech ausgebaut an huet Moskau am Krich géint d'Ukrain ënnerstëtzt.

Virun der Visitt hat de chineeseschen Ausseminister Lin Jian gesot, datt déi chineesesch Positioun vis-à-vis vun Nordkorea an deem Kontext "konsistent a stabel" bleiwe géif.

Back to Top
CIM LOGO