Zuel vun den Doudesaffer klëmmt op 21Gebai an der Gazasträif an e Koup gefall

AFP, iwwersat vun RTL
D'Gebai mat 6 Stäck am Quartier Tal al-Hawa wier duerch véier israeelesch Attacke staark beschiedegt gewiescht, heescht et vum palästinenseschen Zivilschutz.
© AFP

21 Persounen, dorënner 5 Kanner si gestuerwen, déi e Wunngebai an der Gazasträif an e Koup gefall ass. Dat deelt de palästinenseschen Zivilschutz mat, deen ënnert der Kontroll vun der Hamas steet. Op d'mannst 45 Leit wiere blesséiert ginn.

An der Gazasträif
Nodeems e Gebai am Quartier Tal al-Hawa an e Koup gefall ass, ass d'Zuel vun den Doudesaffer op 21 geklommen

D'Gebai mat 6 Stäck am Quartier Tal al-Hawa wier duerch féier israeelesch Attacke staark beschiedegt gewiescht, heescht et vum Zivilschutz. Et wier 2024 an 2025 e puer Mol getraff ginn. D'Bewunner wiere gewarnt ginn, an hätte gesot kritt, net an d'Gebai zeréck ze goen. Ma si hätten dacks keng aner Wal. Et géing un Zelter an anere Wunnenge feelen. De Gros vun de Gebaier an der Gazasträif wier wärend dem Krich zerstéiert oder beschiedegt ginn.

Back to Top
CIM LOGO