Gebai deels an de Koup gefallGare zu Glasgow no Brand zou, Zuchtrafic perturbéiert
No engem Brand an der Gare zu Glasgow a Schottland, bei deem d'Gebai deels an de Koup gefall ass, koum et zu Stéierungen am Zuchverkéier.
Feier an der Gare an der schottescher Stad Glasgow den 8. Mäerz 2026. © AFP

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Nodeems e Sonndeg e Feier an der Gare an der schottescher Stad Glagow ausgebrach war, war d’Gebai deel an de Koup gefall. Nom Brand koum et e Méindeg zu Perturbatiounen am Zuchtrafic. Wéinst der Fermeture vun der Gare sinn Dosende Verbindungen ausgefall. D’Stéierunge géinge viraussiichtlech bis zum Schluss vum Méindeg daueren, heescht et vun der schottescher Bunn “National Rail”.
Dem Sender BBC no war d’Feier e Sonndeg de Mëtteg an engem Buttek fir E-Zigaretten um Rez-de-chaussée ausgebrach. Blesséierter goufe keng gemellt.
Gebai deels an de Koup gefall
Gare zu Glasgow no Brand zou, Zuchtrafic perturbéiert.