D'Staats- a Regierungscheffe vum G7 si sech eens, den Drock op Russland duerch Sanktioune géint den Handel mat Kuelewaasserstoff - der wichtegster Finanzéierungsquell fir de russesche Krichsasaz an der Ukraine - ze erhéijen. Dat huet eng franséisch diplomatesch Quell en Dënschdeg der Noriichtenagence AFP matgedeelt.
"D'Staats- a Regierungscheffe si sech eens, den Drock op Russland ze erhéijen, virun allem duerch Sanktioune géint Ueleg a Gas", huet déi diplomatesch Quell no der Sëtzung zu der Ukrain um zweeten Dag vum G7-Sommet zu Evian erkläert, wou ënner anerem och den Donald Trump deelgeholl huet.
Si géifen iwwerdeems "d'Dynamik (ze Gonschte vu Kiew, U.v.d.R), ënnerstëtzen, andeem si der Ukrain Mëttel fir d'Loftofwier, Mëttel fir bessere Schutz a Mëttel fir d'Konsolidéierung vun den Errongenschaften zur Verfügung stellen", huet et weider vun der Quell geheescht.
En Dënschdeg de Moie war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Gaascht op Besuch beim G7-Sommet ukomm.